IAML Vienna Conference Diary / Konferenztagebuch #18: Luxembourgish / Lëtzebuergesch (Luxembourg / Lëtzebuerg)

Nodeems ech 2011 mäin éischte grousse Kontakt mat der internationaler Welt vun de Museksfuerscher a Museksbibliothékären hat, war mir direkt bewosst, dass dës d’IAML-Konferenzen an -Treffen ganz wichteg sinn, fir am Beruff weiderzekommen. Well ech dunn 2012 aus beruffleche Grënn net op der IAML zu Montréal konnt deelhuelen, hunn ech mech ëmsou méi gefreet, dëst Joer op Wien op de IAML-Kongress kënnen ze kommen.

Déi vill intressant Virträg, déi och dëst Joer nees ugebuede goufen, hu mer et net ëmmer liicht gemaach fir d’Décisioun ze huelen, wat ech dann elo soll lauschtere goen, dat, well ech oft am léifsten a méi Virträg gläichzäiteg gaang wier. An deene puer Deeg, oder soll ech besser soe ville Stonnen, déi ech um Kongress verbruecht hunn, krut ech eng Onmass u wäertvollen Informatiounen, déi ech awer réischt lues a lues ugefaang hunn ze verdauen, wéi ech een nees zu Lëtzebuerg op mengem Bürosstull an der Bibliothéik souz.

Anescht wéi een sech dat erwaarde kënnt, fënnt een déi gesichten Fachinformatiounen awer oft net onbedéngt während de Virträg, mä an de ville klenge Gespréicher, déi een an der Kaffispaus oder während dem Mëttegiessen féiert, an déi eng grouss Hëllef kënne sinn.

A wou léisst et sech net besser fachsimpelen, wéi an der Welthaaptstad vun der Musek, zu Wien?

 

Françoise Molitor
Nationalbibliothéik Lëtzebuerg (Luxemburg)

Wiener Konzerthaus

Konzerthaus in Vienna, by Françoise Molitor

Translate

English French German Italian Portuguese Russian Spanish